Léiwen Alain!

30.12.2015 10:11:58 | Max Delvaux
Léiwen Alain,

leider krute mir haut déi traureg Noriicht, datts du eis fir ëmmer verlooss hues. Als Pompjee waars du an deng Erfarung vu ville Leit geschätzt a respektéiert. Däi Wëssen hues du ëmmer mat groussem Engagement weiderginn, sief et an der regionaler Formatioun oder am Caisson Feu. Vill Aktiver vun haut hunn hire Wee an der Formatioun bei dir ugefaangen an do d'Freed an de Spaass um Rettungswiese kennegeléiert.

Mir wäerten dech, deng sympathesch Aart a Weis, a virun allem däi grousst Engagement fir ëmmer a gudder Erënnerung haalen.

Denger Famill, Frënn a Bekannten drécke mir eist déifste Matgefill aus!

D'Membere vum CIBETT