Communiqué: Brandstëfter
18.07.2015 18:18:18 | Tom Barnig
An de leschten Deeg huet d’lëtzebuerger Press iwwert d’Verhaftung vun engem Brandstëfter bericht an an deem Zesummenhang och den Asazzenter Beetebuerg ernimmt. Mir als CIBETT sinn traureg an enttäuscht, datt et zu deenen Tëschefäll koum. Eis Aufgab als Rettungsdéngschter ass et de Mënschen, egal welcher Hierkonft, Hautfaarf oder Religioun, an all Noutlaag zur Säit ze stoen an hinne beschtméiglech ze hëllefen. Et ass schued, datt d’Feelverhale vun enger eenzelner Persoun déi vill gutt Aarbecht vun all eise fräiwëllegen a professionelle Memberen esou an ee schlecht Liicht réckelt. Och si mir enttäuscht, datt d‘Press an deem Zesummenhang net méi nuancéiert op d’Situatioun ageet.
An deem Kontext wëlle mir verschidde Saache kloer stelle fir Spekulatiounen ze verhënneren:
Et ass richteg, datt déi beschëllegt Persoun aktive Member vum Asazzenter Beetebuerg war. Dëst awer net als Pompjee, esou wéi d’Lëtzebuerger Wort an hirem Artikel schreift, mä am Ambulanzdéngscht.
Déi Suspendéierung vun där d’Wort an hirem Artikel schreift, stoung a kengem Zesummenhang mat de Brandstëftungen. Dëst am Zesummenhang mat den aktuelle Beschëllegungen ze nennen, fanne mir net ubruecht. Betreffend d’Asazaktivitéit vun där beschëllegte Persoun goufen et ni Opfällegkeeten oder Problemer.
Wéi d’Wort schreift „verfasste er die Pressemitteilungen der Feuerwehr und des örtlichen Rettungsdiensts (!sic)“. Dëst ass och eng falsch Duerstellung. Déi beschëllegt Persoun war effektiv zum Deel fir d‘Pressearbecht vum CIBETT responsabel. Am Asazzenter Beetebuerg këmmert sech säit Joeren awer eng ganz Equipe ëm d’Ëffentlechkeetsaarbecht. Dozou gehéieren eis Homepage, eis Facebooksäit, d‘Präventiounsarbecht an och Artikelen z.B. an der Pompjéeszéitung. Esou wéi déi meescht Corpsen aus dem Land gi mir verschidden Informatioune vun eisen Asätz un d’Presse weider, fir eis Aarbecht kënnen an der Ëffentlechkeet duerzestellen. Eis Pressearbecht gëtt ëmmer aus enger neutraler Siichtweis an an engem legale Kader duerchgefouert. An doduerch datt heifir eng ganz Equipe zoustänneg ass déi sech géigesäiteg kontrolléiert an ënnerstëtzt, huet dëst sech och während der Zäit vun de Brandstëftungen net geännert an zu kengen ongewéinlechen Aktivitéite gefouert.
„Obwohl er nicht an den Einsätzen teilnehmen durfte, war er stets an den Brandorten präsent.“ Och dëst ass eng Ausso déi mir esou net ënnerstëtze kënnen.
Virun allem si mir verwonnert, wouhier d’Press un all dës Informatioune kënnt, vue datt se net am offizielle Police Bulletin genannt ginn. Mir behalen eis d’Recht fir, fir rechtlech Schrëtt wéinst der Verbreedung vu Falschaussoen ze ënnerhuelen. Mir bedaueren, datt sech bis elo kee Pressevertrieder bei engem Responsabele vum CIBETT gemellt huet fir eng korrekt Ausso zu de genannte Punkten ze kréien.
Mir wëllen och betounen, datt déi Responsabel vum CIBETT vun Ufank un alles dru gesat hunn, fir dës Strofdoten an Zesummenaarbecht mat der Police opzeklären. Datt schlussendlech een aus eisen eegene Réie beschëllegt gouf, huet eis Memberen déif schockéiert an dozou gefouert, datt selbstverständlech och intern all déi ubruechte Moossnahmen ergraff goufen. Et ass vir eis all schwéier, d‘Situatioun ze verstoen an d’Grënn nozevollzéien.
Weiderhi fanne mer et schued, datt d’Presse esou de Fait betount, datt et sech hei ëm ee Pompjee handelt, an domadder net nëmmen den Asazzenter Beetebuerg, mä och eis Kollegen aus der Staat a vun Hesper schlecht duerstellt. Datt et sech heibäi ëm een dramateschen Eenzelfall handelt gëtt dobäi leider vergiess. Et ass falsch, datt Brandstëfter oft Pompjee sinn. Dëst gëtt awer leider duerch de gesteigerte Medieninteresse esou duergestallt. Engem Communiqué vum Deutscher Feuerwehrverband (DFV) no ginn nëmmen 0,3 Promillen (1:3000) vun de Brandstëftungen duerch Pompjéeë verübt.
Den Asazzenter Beetebuerg distanzéiert sech kloer vun dëse Fäll vu Brandstëftung. Aus Respekt virun der Aarbecht vun eise fräiwëllegen a professionelle Kollegen, déi sech all Dag mat grousser Motivatioun vir hier Matmënschen asetzen, hoffe mir datt déi Saach séier a vollstänneg opgekläert gëtt.
D’Membere vum Asazzenter Beetebuerg