30.06.2014 17:34:31 | Tom Barnig
245 Patiente goufen am PMA behandelt. Och wann sech dës Zuel héich unhéiert, waren et manner Asätz ewéi an de leschte Joeren. Grond dofir war virun allem d'Wieder dat eis entgéint komm ass. Bei deene meeschten Asätz huet et sech em Klengegkeete gehandelt, wou d'Léit no enger kuerzer Kontroll erëm weiderfeiere konnten.
12 Patienten hu misste fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht ginn. Glécklecherweis huet et sech hei allerdéngs meeschtens just ëm eng weider medizinesch Kontroll gehandelt, wéi zum Beispill eng Röntgen. Et gouf keng Persoun schwéier blesséiert.
78 Patiente goufen an dem Poste de Secours um Camping behandelt. Den neie System mat den Diddelenger Container huet sech deemno bewäert, wëll d'Camper sou jidderzäit een Uspriechpartner um Camping fonnt hunn.
69 Stonnen onënnerbrach waren Equipe vun de Rettungsdéngschter op der Plaz am Asaz - d'Op- an Ofriichten net matgezielt!
85 Fräiwëlleger vu Beetebuerg, Diddeleng, Schëffleng, Ettelbréck an der Fiels hunn Permanence um Rock-A-Field 2014 geleescht. Net matgezielt sinn do d'Pompjeeë vu Réiser a Fréiseng, déi während dem gesamte Weekend de Brandschutz um Site séchergestallt hunn.
16 Ambulanzasätz goufen nieft dem Rock-A-Field gefuer. Während dem gesamte Weekend hunn jidderzäit 9 Léit och den normalen Ambulanz- a Pompjéesdéngscht am CIBETT garantéiert. Och hinnen dofir e grousse Merci!
Insgesamt kënne mir e ganz positive Bilan vum RAF 2014 zéien! D'Stëmmung war trotz dem deelweis schlechte Wieder gutt a friddlech. Och d'Zesummenaarbecht tëscht all de Rettungsdéngschter an och mam Veranstalter Atelier huet ewéi all Joer gutt geklappt. Mir freeën eis op d'nächst Joer!